Methodologie

Entwécklung vun de Froen

De Questionnaire fir smartwielen ass vun enger Equipe vun der Universitéit Lëtzebuerg an dem Zentrum fir politesch Bildung entwéckelt ginn. Fir ee verständlechen a virun allem politesch neutrale Questionnaire opzestellen, den déi wichtegst Themen ofdeckt, huet d'Equipe eng grouss Zuel vun Interessegruppen, Acteuren aus der Zivilgesellschaft a Journalisten aus de verschiddene Medienhaiser consultéiert. Hei drënner fannt Dir eng detailléiert Beschreiwung vun der Approche fir d'Entwécklung vum Questionnaire.

Entwécklung vun de Froen (PDF, nëmmen disponibel op Franséisch)

Matching

Fir d'Distanz tëschent de Positioune vun de Kandidat/-innen/Parteien an de Benotzer/-innen vu smartwielen ze rechnen, gëtt een Algorithmus, den op der euklidescher Distanz baséiert, benotzt. Hei drënner fannt Dir eng Beschreiwung vum Matching-Algorithmus.

Methodologie vum Matching (PDF, nëmmen disponibel op Franséisch)

smartspider a smartmap

Fir d'Positioune vun de Kandidat/-innen, Parteien a Benotzer/-innen op de sechs Axe vun de smartspideren an den zwee-dimensionale smartmap-Grafiken ze rechnen, gëtt eng relativ einfach a vill benotzte Method geholl. Hei drënner fannt Dir eng detailléiert Erklärung vun der Method an d'komplett Oplëschtung vun de Froe fir déi verschidden Dimensiounen.