Iwwert eis

Wee si mir?

Smartwielen ass ee Projet vun der Universitéit Lëtzebuerg a Kooperatioun mam Zentrum fir politesch Bildung. D'smartwielen-Plattform ass eng adaptéiert Versioun vu smartvote, eng sougenannte VAA (Voting Advice Application) déi zënter 2003 an der Schwäiz developpéiert a vun der politesch neutraler gemengnëtzeger Organisatioun Politools bedriwwe gëtt.


Universitéit Lëtzebuerg

  • Raphaël KiesChercheur an der Politikwëssenschaft
  • Dan SchmitDoktorand an der Politikwëssenschaft

D'Universitéit Lëtzebuerg ass eng ëffentlech Héichschoul mat Schwéierpunkt op Fuerschung zu Lëtzebuerg.

D'Fakultéit fir Sprooch, Literatur, Humanwëssenschaften, Konscht an Educatioun (FLSHASE) ass spézialiséiert an der Fuerschung am Beräich vun den Sozial- an Humanwëssenschaften. Sie besteet aus dräi Rechercheunitéiten. D'Politikwëssenschaftler, déi um Projet smartwielen bedeelegt sinn, gehéieren zum Programm "gouvernance européenne" an der Unitéit "Identités, Politiques, Sociétés, Espaces" (IPSE).


Zentrum fir politesch Bildung

  • Marc SchoentgenDirekter
  • Michele SchiltDirectrice adjointe
  • Jenny GrossProject Manager

Den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ass eng onofhängeg Fondatioun, déi zivillen Engagement promouvéiert andeems si d'Verstoe vu Politik, Demokratie an aktuelle sozialen Erausfuerderunge stäerkt. D'Haaptzil ass et, Jonker z'encouragéieren um politesche Liewen an ëffentlechen Debat deelzehuelen. D'Aarbecht vum Zentrum baséiert op dräi Pilieren:

  • Léieren: Den ZpB entwéckelt Unterrechtsmaterial a Weiderbildungen iwwer aktuell politesch a sozial Themen. Zilpublikum sinn Enseignanten an der Grondschoul an am Lycée esou wei Educateuren an der Kannerbetreiung oder dem Jugendberäich.
  • Verstoen: Den ZpB stäerkt d'Verständnis vun demokratesche Prozesser a sozialen Erausfuerderungen duerch Workshoppen, Debatten, Konferenzen an Ausstellungen. Bicher an aner Informatiounsmaterialie ginn an enger spezialiséierter Bibliothéik zur Verfügung gestallt.
  • Participatioun: Den ZpB organiséiert Concoursen an aner Aktivitéite fir den Interessi vu jonke Leit un der Politik z'encouragéieren. Mir ënnerstëtzen Institutiounen aus der formaler a non-formaler Bildung bei der Entwécklung a Stäerkung vun demokratesche Strukturen.

smartvote/Politools

  • Robin Bartlett RissiProject Manager
  • Jan FivazGrënner
  • Daniel SchwarzGrënner
  • Albert WaaijenbergWeb design

Smartvote ass eng Schwäizer Voting Advice Application (VAA) déi vu Politools entwéckelt a bedriwwe gëtt. Politools ass een interdisziplinäert wëssenschaftlecht Netzwierk, dat internetbaséiert Projete realiséiert fir politesch Bildung, Transparenz a politesch Analys ze fërderen. De Sëtz ass zu Bern an der Schwäiz. Zënter 2003 ass smartvote an iwwer 200 Wahlen an der Schwäiz an an Europa benotzt ginn.


soom-it

  • Cédric Reginster
  • Johannes Lötscher
  • Matthias Flückiger

Soom-it ass eng Informatiounstechnologiefirma vu Bern an der Schwäiz, déi sech op d'Entwécklung an den Opbau vu Software a Webapplikatioune spezialiséiert huet. soom-it ënnerstëtzt smartvote zënter 2014 als Haaptpartner am Beräich vun der Technologie.