Heefeg gestallte Froen (FAQ)

Wat ass smartwielen? Wéi funktionéiert smartwielen?

Smartwielen ass een Tool mat Froen an Äntwerten, den entwéckelt gouf fir d'Proximitéit tëschent Benotzer/-innen a Kandidaten/-innen oder Parteie bei de Chamberwahlen 2018 ze rechnen. En erlaabt de User/-innen iwwert hir eege politesch Usiichten nozedenken a méi iwwert d'Usiichten a Programmer vun de Parteien a Kandidaten/-innen gewuer ze ginn; donieft erlaabt et de User/-innen, erauszefannen wéi eng Kandidaten/-innen a Parteien am meeschten hire politeschen Usiichten entspriechen. Et ginn 43 Froen zu engem breede Spektrum vu politeschen Themen, déi d'Kandidaten/-innen/Parteien an d'Benotzer/-innen beäntweren. D'Resultater weisen d'Ennerscheeder an d'Gemeinsamkeeten tëschent den Usiichte vun de politesche Parteien an/oder de Kandidaten/-innen an dene vun de User/-innen. D'Resultater limitéieren sech just op dës 43 Froen. Wichteg: et ass net d'Zil vu smartwielen seng User/-innen z'encouragéieren op eng bestëmmte Manéier ze wielen; et geet dorëms si z'invitéieren sech z'informéieren. Kuckt Iech d'Presentatioun un: https://prezi.com/view/teumeWjuq0rFWEIJf315/ De Projet war 2009 an 2013 vu Wëssenschaftler vun der Universitéit Lëtzebuerg ënnert dem Numm smartvote.lu duerchgefouert ginn.

Wéi sinn d' Froen entwéckelt ginn?

D'Froe ginn ausgewielt no de folgende Kritären:

  • Si sinn zu Theme vun der politescher Campagne zu Lëtzebuerg;
  • Si betreffe politesch Froen an Europa;
  • Si kommen aus Parteiprogrammer an / oder aus Consultatioune mat Journalisten, Zivilgesellschaft an Interessegruppen;
  • Si bevirdeelegen net eng oder méi politesch Parteien;
  • Si erlaben net méi Interpretatiounen;
  • Si hunn ee generellen oder spezifesche Charakter (eng Mëschung vu béid Zorte gëtt gesicht);
  • Si hunn nëmmen een Thema;
  • Si ginn op Basis vun der Achs vum Smartspider ausgewielt. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi ginn d'Positioune vun de Kandidaten an de Parteie bestëmmt?

E puer Woche virun de Wahle beäntweren d'Kandidaten/d'Kandidatinnen a Parteien de smartwielen-Questionnaire mat 43 Froen aus enger breeder Palette vun aktuelle politesche Froen. Esou erstelle si hire politesche Profil op smartwielen.lu.

Wéi ginn d'Resultater berechent?

Op der smartwielen-Websäite beäntwerten d'Benotzer de Questionnaire, den d'Kandidaten/-innen an d'Parteie scho beäntwert hunn. Smartwielen vergläicht hir Äntwerte mat deene vun de Kandidaten/-innen oder Parteien duerch d'Rechne vun der euklidescher Distanz (déi linear Distanz tëscht zwee Punkten an engem multidimensionale Raum). Als Resultat presentéiert smartwielen eng spezifesch Rankinglëscht vun allen Kandidaten/-innen oder Parteien, déi deelgeholl hunn. D'Kandidaten oder Parteie mat dem beschte Matching sti ganz uewen op der Lëscht. Je méi Froe de /d'Benotzer/-in beäntwert, desto méi präzis sinn seng / hir Resultater. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi soll ech de Matching interpretéieren?

D'Resultater baséieren op engem geometresche Matching. Dofir kann de Wäert net direkt proportional gesi ginn zu der Zuel vun de Froen, bei deenen d'Notzer mat den Äntwerte vun engem/-er Kandidaten/-in iwwereneestëmmen. D.h. e Match vu 70% bedeit net, datt e Kandidat/-in genee déi selwecht Äntwert wéi de Benotzer/-in fir genee 70% vun de Froe ginn huet. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi wierkt d'Gewiichtung sech op meng Resultater aus?

D'Benotzer/-innen hunn d'Méiglechkeet, hir Äntwerten zu gewiichten. D'Gewiichtung gëtt bei der Berechnung vun hire Resultater berécksiichtegt. Et erméiglecht de Notzer/-innen ze spezifizéieren, wéi eng Themen hinne wichteg oder manner wichteg sinn. Wann eng Fro mat engem Pluszeechen (+ = 2) gewiicht gëtt, zielt d'Äntwert zweemol bei der Berechnung vum Matching. Wann d'Fro mat engem Minuszeechen (- = 0,5) gewiicht gëtt, zielt d'Äntwert hallef bei der Berechnung vum Matching. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Ech hunn virun e puer Woche smartwielen ausgefëllt, wéi kann ech meng al Resultater fannen?

D'Äntwerten, déi e/eng Benotzer/-in gëtt, ginn op der lokaler Späicherung vu sengem Computer enregistréiert. Soulaang de Benotzer de lokale Späicher net läscht, kann de Benotzer/-in seng Resultater zu all Moment kucken an iwwerschaffen.

Wéi kann ech de smartspider interpretéieren? Wéi ass de smartspider berechent?

D'smartspider-Grafik weist d'Wäertehaltungen a politesch Astellung iwwert sechs thematesch Achsen. Pro Achs kann ee Wäert tëschent 0 an 100 erreecht ginn. Ee Wäert vun 100 steet fir eng grouss Zoustëmmung zum formuléierten Zil vun der deementspriechender Achs. Ee Wäert vun 0 bedeit, datt d'formuléiert Zil keng Zoustëmmung kritt. Méi Informatioune fannt Dir d'Methodology.

Wéi kann ech de smartmap interpretéieren? Wéi ass de smartMap berechent?

D'Kaart weist d'Profil-Ähnlechkeet vun de Kandidaten a Kandidatinnen. Ëmsou méi no d'Punkte beienee leien, desto méi ähnlech sinn d'politesch Profiller (laut den Äntwerten op de smartwielen-Questionnaire). W.e.g. notéiert, datt wéinst der quadratescher Form vun der smartmap Réckschlëss vun der Héicht resp. der Breet vun der Figur op d'statistesch Relevanz vun den zwou ugewisenen Dimensiounen net gëlteg sinn. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Firwat sinn e puer Kandidaten/-innen a Parteien net op der Plattform? Firwat hunn e puer Parteien a Kandidate/-innen keng Äntwerten?

Virum Start vum Tool hu mir all Parteien a Kandidate/-inne kontaktéiert (via d'Parteien) a si gefrot, ob se interesséiert wäeren deelzehuelen. All Parteien a Kandidaten/-innen, déi averstane waren, erschéngen op der Websäit. Net all d'Parteien a Kandidaten/-innen hunn de Questionnaire ausgefëllt a confirméiert.

Wat geschitt mat mengen Äntwerten an der Ëmfro?

D'Äntwerte vun der Benotzer-Ëmfro sinn anonym a hunn keen Afloss op d'Resultater. Si gi vun der Universitéit Lëtzebuerg fir d'Recherche benotzt. Fir méi Informatiounen, kontaktéiert eis w.e.g. iwwert info@smartwielen.lu.

Ass smartwielen mat enger politesch Partei, Kandidaten/-innen, asw. associéiert?

Neen, all d'Organisatiounen déi an der Entwécklung an dem Ëmsetze vu smartwielen involvéiert sinn (z. B. Uni Lëtzebuerg, Zentrum fir politesch Bildung a smartvote / Politools) sinn iwwerparteilech an Non-Profit-Organisatiounen.